* * *

| Url | [https://communes.cnfl.lu/blog/5651/mersch-wei-beaflosst-genderspezifesch-gewalt-eis-g/](https://communes.cnfl.lu/blog/5651/mersch-wei-beaflosst-genderspezifesch-gewalt-eis-g/) |
| --- | --- |
| MetaTitle | Mersch ¦ Wéi beaflosst genderspezifesch Gewalt eis Gesondheet? - News - Blog Egalité dans ma commune - CNFL - Conseil national des Femmes du Luxembourg |
| --- | --- |
| MetaDescription | Mersch ¦ Wéi beaflosst genderspezifesch Gewalt eis Gesondheet? News. Le blog du site Egalité dans ma commune est publié par le CNFL. Conseil national des Femmes du Luxembourg |
| --- | --- |

## Mersch ¦ Wéi beaflosst genderspezifesch Gewalt eis Gesondheet?


Echange sur la thématique de la violence domestique entre les membres de la commission consultative de l'égalité des chances et les étudiants de la classe 5C du Lycée d'Ermesinde à Mersch


Dës Fro huet d’Klass 5C vum Lycée Ermesinde vu Miersch am Kader vum Fach Art et Société ënnert d’Lupp geholl. D’Aarbecht vun de Schüler\*innen ass aus engem staarke Besoin entstanen, sech mat sozialer, politescher a wirtschaftlecher Ongläichheet an eiser haiteger Gesellschaft auserneenzesetzen. Den Ausgangspunkt war de Fall vu Gisèle Pelicot a Frankräich – e Fall, deen net nëmme Schock a Roserei ausgeléist huet, mee och e staarkt Wëllen, sech méi déif mat Gewalt géint Fraen auserneenzesetzen.

Am Austausch mat enger Rei Memberen aus de konsultative Kommissiounen vun der Mierscher Gemeng hunn d’Schüler\*innen hir Recherche virgestallt: Unhand vu Beispiller aus der Geschicht hu si erkläert, wéi Geschlechterrollen, gesellschaftlech Erwaardungen a systematesch Diskriminatioun matenee verbonne sinn.



			
[![Mersch ¦ Wéi beaflosst genderspezifesch Gewalt eis Gesondheet?](/thumbnails/121012-600-400-Crop.jpg)](/files/121012.jpg "Mersch ¦ Wéi beaflosst genderspezifesch Gewalt eis Gesondheet?")







# 
	Blog